Fondation dans les années vingt
L'UNION CYCLISTE RODANGE a été fondée en novembre 1920 dans le café Courtois. Ce café se trouvait au centre de Rodange et l'association portait le nom: "VÉLO-CLUB SPORTIF RODANGE".
Les anciens cofondateurs étaient Bernard Courtois, Nic. Bley, Charles Bouché, Michel Braas, Jean-Pierre Decker, Emile Kerschen, Nic. Le Kerschen, vit François Mentz et Gaston Peschon.
Bernard Courtois a été le premier président. Il était également propriétaire du siège ou cette association a été fondée.
En 1924, lors de la course de Differdange, le club utilisait toujours le nom de :"VÉLO-CLUB SPORTIF RODANGE" et ce n'est que le 24 août de la même année, lors de la célébration du 35ème d'anniversaire de l'association de chant "La Concorde" que le club a utilisé pour la première fois sa dénomination actuelle.
Dans la langue du peuple, le club s'appelait quand même toujours "De Velosclub".
Non seulement connu comme gentleman, Marcel était aussi un grand coureur. La victoire de Liège-Bastogne-Liège était une de ses plus belles, avec presque 3 minutes d’avance sur Raymond Impanis et presque 4 minutes sur Ferdi Kübler.
55 ans plus tard c’est à Andy SCHLECK qu'est revenu la victoire, il a été honoré par les organisateurs de la Randonnée Marcel ERNZER, l'Union Cycliste Rodange et ce aprés le prologue du SkodaTour de Luxembourg le 3 juin 2009 au Knuedler.
D'Union Cyliste Rodange huet dest Joer d'Organisatioun vun der Assembléé générale vun der FSCL iwerholl dei den 31.03.2023 zu Rodange am Centre culturel an Zesummenarbecht mat der Gemeng Peiteng ofgehalen gouf.
Een vun villen Punkten um Ordre du jour war den Merite sportif. Den Ed Bettel vun der Union Cycliste Rodange krutt den Diplôme du Mérite fir 50000km dei hien gefuer as.
En Merci un d'Gemeng Peiteng dei no der Assemblée générale den Eierenwein offreiert huet.
Elo kann dei nei Saison ufänken.
Freiden den 10.03.2023 war op den Rollenger Weiheren d'Assemblée générale vun der Union Cycliste Rodange wou den Präsident Jean-Jacques May d'Schäffen Jean-Marie Halsdorf an Romain Mertzig an den Gemengeconseiller Patrick Arendt begreissen konnt.
No dem mot de bienvenue vum Präsident Jean-Jacques May huet den Sécrétaire-Cyclotouriste Raymond Steichen en Reckbleck op dat lescht Joer gemach wou d'Memberen 28606 km gefuer sin. Dunn gouf den Comité nei gewielt. Den zereckgetruedenen Tresorier Armin Hilbert gett duerch Günther Cornely als neien Tresorier ofgeleist. Duerno huet d'Sekretärin Josianne Conzemius en Ausbleck op dat neit Joer gemach. Hervierzehiewen as den eischten Schrett vun der FSCL a Richtung Digitalisatioun mat der App Clubee an dei nei Organisatioun vun den nationalen Championnatscoursen 2024 wou den UCR elo mat agebonnen soll ginn. Den eischten Schäffen Jean-Marie Halsdorf huet den Engagement vum Velosclub geluewt an dem Club d'Ennerstetzung vun der Gemeng zougesot. Duerno konnten Memberen bei engem gudden Maufel an engem Pättchen den Owend ausklengen lossen an dei nei Saison 2023 plangen.
Freiden den 06.03.2020 war d'Generalversammlung vun der Union Cylcliste Rodange. Nodeems den Comité d'lescht Joer Revue passeieren geloss huet, as den Programm vun 2020 an dei nei Uniform presenteiert gin. Dest Joer steet alles ennert dem Motto "100 Joer UCR". Nieft der Randonnée Marcel Ernzer an der Randonnée VTT as den Depart vum Tour de Luxembourg zu Rodange den 18.09.2020 an Collaboratioun mat der Gemeng Peiteng en weideren Highlight. D'100 Joer feieren mer am Oktober an enger Séance académique. D'Madame Gaby Birtz huet dem Velosclub am Numm vum Gemengerot zum ronne Gebuertsdag feliciteiert. No der Generalversammlung konnte d'Memberen sech bei engem gudden Maufel an engem Pättchen austauschen an d'Sortien fir dei kommend Saison plangen.
Bedengt duerch den Ausbroch vum COVID19 hun all Aktiviteiten ab 15.03.2020 missten ofgesoot gin. Ereischt am Joer 2022 as et zu enger Normaliseierung vun der Situation sanitaire komm.
Den letzebuerger Supersportler Ralph "Dizzy" Diseviscourt hat den 06.02.2020 am Centre sportif Bim Diederich eng flott Videospresentation vun sengen Coursen RAAM an RAF gemach an d'Spectateueren e bessi hannert d'Kulissen blecken geloss. An der Paus konnten d'Memberen vum UCR eng gudd Zeit mat dem sympathischen Cyclist diskuteieren an fachsimpelen.
Den Erleis vun der Soirée kennt der Associatioun ZAK zegutt, dei den "Dizzy" voll ennerstetzt. Bravo!
Samschden den 17.11.2018 war den UCRodange beim Indoor Cycling Event vum Bob Jungels zu Miersch.
Den UCRodange, huet bei desem Event de Bob geéiert fir seng Performance dëst Joer bei der Cours Liège-Bastogne-Liège. An zwar ass hien den 3. Lëtzeburger déen no dem Marcel Ernzer 1954 an dem Andy Schleck 2009, dëss Cours gewonnen huet.
En Mémoire un den Marcel Ernzer, hunn mir de Bob, déen Ambassadeur vum Mirerscher SOS Kannerduerf ass, mat engem Don vun 1000 Euro un d’SOS Kannerduerf, geéiert.
D'UCR wënscht dem Bob fir di nächst Saison an seng weider Carrière alles Guddes.
Bei der Vakanzaktioun vun der Peitenger Gemeng fueren d'Union cycliste Peiteng an d'Union cycliste Rodange mat den Schoulkanner vum Cycle 4.2 mam Velo. Donneschden den 26.Juli geet et 35 Kilometer mam Velo vun Peiteng iwer Kenzeg bis op Grass an Hagen. Dei Woch duerno fueren mer vun Rodange aus en Tour duerch den Besch um Titelbierg mam VTT. An Freides as dann dei grouss Fête de cloture wou mer en Velosparcours fir d'Kanner opbauen, wou se hir Kënnen um Velo testen kennen.
Fotoen fannt dir hei
D'UCR an UCP sin um Weekend vum 1. -2.Juli mam Velo bis op Schiffweiler gefuer. Schiffweiler as d'Partnergemeng vun der Gemeng Peiteng. Des Evenement as vun der Gemeng Peiteng ennerstetzt gin. Fotoen fann dir hei
Den Ed Bettel, Vizepräsident vum UCR, huet am Okober 2016 den "merite sportif" vun der Peitenger Gemeng kritt.
Randonnée VTT autour du Tëtelbierg
retrouvez toutes les info sur notre page spéciale
Veuillez trouver plus d'info sur notre page spéciale recapitulative sur la JNB
16. Randonnée VTT "Mam Bike um Tëtelbierg"
samedi 13 octobre 2012
9. Randonnée Marcel Ernzer
Dimanche 9 septembre 2012